RIPJohn Le Carré ass am Alter vun 89 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Den Auteur vun enger Abberzuel u Spionage-Romaner ass schonns e Samschdeg am Alter vun 89 Joer gestuerwen.
© AFP (Archiv)

Dat huet säi Verlag e Sonndeg den Owend confirméiert. De Le Carré hat mat senge Romaner weltwäite Succès, duerch spannend an intelligent geschriwwe Krimien, déi dacks ronderëm de kale Krich gedréint hunn. Vill Romaner goufen och verfilmt.

Back to Top
CIM LOGO