Casting fir TheaterstéckJong tëscht 7 an 12 Joer gesicht, dee gutt Däitsch schwätzt

Tom Nols
Fir en Theaterstéck, dat am Oktober am TNL wäert gespillt ginn, gëtt e jonken Acteur gesicht, dee gutt Däitsch schwätze kann.
© Castinglux.com

Fir en Theaterstéck, dat am Oktober 2026 am TNL wäert gespillt ginn, gëtt e Jong am Alter tëscht 7 an 12 Joer gesicht, dee ganz gutt Däitsch schwätzt. Wann et sech dobäi ëm seng Mammesprooch handelt, ass dat souguer vu Virdeel. Erfarung am Theaterspillen ass dobäi net wichteg, d'Organisateure sinn un all Profil interesséiert.

Wien interesséiert ass, mellt sech per WhatsApp op den +352 621 470 619 oder per Mail op info@castinglux.com mat Numm, Alter, Telefonsnummer vun den Elteren an 2-3 Fotoe vum Jong. Donieft ass e kuerze Video (maximal 1 Minutt) gefrot, an deem sech de Bouf op däitsch virstellt, seng eventuell Erfarungen op enger Bün erkläert an iwwert seng Hobbyen a seng lescht Summervakanz erzielt.

Den Job gëtt bezuelt an de Live Casting ass fir de Mëttwoch 9. September 2026 geplangt. Méi Infos och op castinglux.com

Back to Top
CIM LOGO