
De Jean Walté ass de 6. September 1949 op d’Welt komm. An de leschte Joren huet hien zu Maacher gewunnt. Fir RTL.lu huet hie Fotoe gemaach, dat virun allem am Oste vum Land. Ob d’Réimecher Kavalkad, d’Wäifester laanscht d’Musel oder anere Volleksfester an der Regioun, vill Leit hunn de Jean Walté mat sengem Fotoapparat kennegeléiert.
Kuckt hei all d’Fotogalerië vum Jean WaltéAm Februar 2023 krut hien d’Diagnos Kriibs, no laanger Krankheet ass hien am Alter vu 74 Joer gestuerwen.
Am Numm vun RTL drécke mir der Famill d’Bäileed aus.