Op enger Pilgerfaart op Lourdes 2010 huet hien eegenen Aussoen no e Wonner erlieft. De Jang konnt dono erëm goen. Um Ufank vun dësem Joer krut hien d’Diagnose Kriibs. D’Doktere ginn em just nach e puer Méint ze liewen. Säi leschte Wonsch: nach eng Kéier op Lourdes reesen an der Hoffnung op nach e Wonner. D’Wonschkutsch ASBL huet dat méiglech gemaach. Mir hunn de Jang op senger Rees begleet.
Dozou och dës Reportage aus eiser Emissioun “Mënschen a Geschichten