Den 30. NovemberJoséphine Baker kënnt an de Panthéon

RTL Lëtzebuerg
Déi franséisch-amerikanesch Kënschtlerin ass déi éischt schwaarz Fra, déi an de Panthéon kënnt.
D'Joséphine Baker 1949 an der Géigend vu Paräis.
D’Joséphine Baker 1949 an der Géigend vu Paräis.
© AFP (Archiv)

Déi franséisch-amerikanesch Kënschtlerin Joséphine Baker kënnt den 30. November an de Panthéon, dat krut déi franséisch Noriichtenagence AFP aus dem Entourage vum President Emmanuel Macron confirméiert.

D’Joséphine Baker huet vun 1906 bis 1975 gelieft. Si ass eng wichteg Figur aus der Resistenz an aus der antirassistescher Lutte.

Am Panthéon zu Paräis si grouss Perséinlechkeeten aus der franséischer Geschicht begruewen, wéi de Voltaire, d’Marie Curie, de Victor Hugo oder d’Simone Veil.

D’Joséphine Baker ass déi éischt schwaarz Fra, déi an de Panthéon kënnt.

De Panthéon an de Faarwe vu Frankräich beliicht.
De Panthéon an de Faarwe vu Frankräich beliicht.

14/07/2020 “Black Arts Matter” (1) Josephine Baker

Serie: Black Arts Matter “Josephine Baker” (1)

Back to Top
CIM LOGO