Generation ArtKandidate fir d'Editioun 2022 gesicht!

RTL Lëtzebuerg
"Generation Art - Photo Edition" kënnt 2022 zréck, dofir siche mir nees motivéiert an talentéiert Fotografen.
Generation Art 2022
Mir siche motivéiert an talentéiert Fotografen, déi Loscht op en neien Challenge hunn!

Scho fir d'4. Kéier lancéiert RTL d’Casting-Show “Generation Art”, bei där Kënschtler hiert Talent beweise kënnen. Bei den zwou éischten Editiounen (2012 an 2014) goung et ëm Konscht am Allgemengen, bei der drëtter Editioun (2017) stoung d’Fotografie am Mëttelpunkt. An dorëms geet et och dës Kéier.

Wie passionéiert ass vu Fotografie a Loscht huet, seng Wierker ze weisen, ass hei richteg. Et gëtt d’Méiglechkeet, sech weider z’entwéckelen a bei diversen Challengë matzemaachen.

All Challenge steet ënnert engem aneren Thema, dat vum Fotograf soll ëmgesat ginn. Mir begleeden de Kandidat mat enger Kamera op senger Sich no Iddie bis hin zu der Realisatioun an der Presentatioun vu senge Fotoen. All Challenge gëtt vun enger professioneller Jury bewäert an zum Schluss kommen déi Kandidaten, déi am meeschten iwwerzeegt hunn, an d’Finall.

D’Finaliste kréien d’Geleeënheet, hir Wierker auszestellen, an op de grousse Gewënner vun Generation Art waart um Enn och ee Geldpräis!

Hei nach emol den Opruff:

LINK: All d’Editiounen an Episode vun Generation Art

Back to Top
CIM LOGO