Rieds geet vun der Kanner-Chorale vu Steesel vun der UGDA-Mueseksschoul am Uelzechtdal. Si hunn net just viru Publikum gesongen, si hu fir d'éischte Kéier hiert eegent Kannerbuch mat CD verëffentlecht. Doranner fënnt ee Kleesercherslidder a Chrëschtlidder, all illustréiert a mat QR-Coden, wou een d’Lidder och als Playback fënnt, fir matzesangen an eng Kéier mat dem Kannerchouer. Hannen am Buch ass dann och nach d’CD, déi een dann och normal lauschtere kann. Mir ware mat der Kamera mat dobäi, wéi déi ronn 35 Sänger a Sängerinne sech waarm gesongen hunn an hunn natierlech och hiren Optrëtt net verpasst.