Zeechner vum Draach "Tabaluga"Kannerbuchauteur Helme Heine am Alter vu 84 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Den Heine ass en Donneschdeg am Alter vu 84 Joer am neiséilännesche Russell, wou hie gelieft huet, gestuerwen.
© URSULA DUEREN / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP

Dat deelt de Beltz-Verlagsgrupp mat. Dem Helme Heine seng Bicher, zu deenen och déi iwwert de klenge gréngen Draach “Tabaluga” gehéieren, si milliounefach verkaf an a 35 Sproochen iwwersat ginn.

Zu sengen erfollegräichste Klassiker gehéieren d’Geschichte vun den dräi Frënn aus “Mullewapp” a wéi gesot d’Märchefigur Tabaluga, déi duerch musikalesch Begleedung vum däitsche Sänger Peter Maffay an duerch Tëleesserien, Musicallen a Kinosfilmer populär gouf. Trotz immensem Succès ass den Helme Heine am Laf vu senger Karriär léiwer am Hannergrond bliwwen.

Back to Top
CIM LOGO