NationalmonumentKeen Enn fir Sang a Klang

RTL Lëtzebuerg
Ënnen am Pafendall steet en Haus mat enger bal honnertjäreger Geschicht: De Veräinssall vu Sang a Klang.
Keen Enn fir Sang a Klang
Ënnen am Pafendall steet en Haus mat enger bal honnertjäreger Geschicht: De Veräinssall vu Sang a Klang.

Eng Partie Owender goufen hei verbruecht. Concerte vum Chouer selwer, Theaterstécker oder Jazz a Blues-Owender, et ass e bësse vun allem dobäi. Elo gouf d’Gebai als Nationalmonument klassifizéiert.

Am Joer 1857 gouf de Veräin Sang a Klang gegrënnt. Mat hirem éischten Dirigent Laurent Menager gouf gesongen a Musek gemaach. Un eppes huet et awer gefeelt: Um passenden Proufsall. 1922 dunn hunn 10 Männer aus dem Comité zesummegeluecht an konnten d’Haus Sang a Klang hei am Pafendall bauen. Bal 100 Joer méi spéit steet d’Haus ëmmer nach. Dass et elo als Nationalmonument gëllt, freet de Sang-Veräin.

Elo, wou d’Haus nei klasséiert gouf, wéilt een et ënnert den Oploe renovéieren, fir dass och an Zukunft hei gutt Momenter kënnen erlieft ginn. Sang a Klang ass fir munch Léit nämlech net nëmmen e Veräin, mee och eng zweet Heemecht.

Back to Top
CIM LOGO