Centre d'Arts et de NatureKënschtlerin Katarzyna Kot-Bach stellt als éischt Lëtzebuergerin mat aus

RTL Lëtzebuerg
Am Schlass "Domaine de Chaumont-sur-Loire" feiert een dëst Joer déi 15. Editioun vum Ausstellungsformat.
© Katarzyna Kot-Bach

Passend dozou goufe 15 Kënschtler a Kënschtlerinnen aus der ganzer Welt invitéiert, fir hir Natur-inspiréiert Wierker am a ronderëm d’Schlass auszestellen. Do geet dëst Joer och eng nei Galerie op, déi dës Saison vum italienesche Kënschtler Quayola wäert beusprocht ginn. Vum amerikanesche Sculpteur John Grade iwwer de franséische Moler Jean Le Gac bis hin zum Spuenier Miquel Bareló: de Mix vun dësem Joer versprécht interessant ze ginn. An och Lëtzebuerg wäert fir eng éischte Kéier vertruede sinn.

Déi gebierteg Polin Katarzyna Kot-Bach ass 2004 op Lëtzebuerg geplënnert a schafft zanterhier hei un hiren Holz- a Bronzeskulpturen. Hir Passioun fir d’Natur a Konscht huet sech awer scho vu Kand u bemierkbar gemaach. Mat 9 Joer huet si nämlech ugefaangen, Skulpturen ze maachen an huet zanterhier net méi opgehalen. Am Kader vum Centre d’Arts et de Nature wäert si de renovéierte Päerdsstall notzen. Mir hu mat hir geschwat, ier si leschte Mëttwoch op Chaumont-sur-Loire gefuer ass.

© Katarzyna Kot-Bach

Wéi fillt Dir Iech, déi éischt Lëtzebuergerin ze sinn, déi an de “Centre d’Arts et de Nature” invitéiert gouf?

Ech sinn immens dankbar, awer och houfreg, well ech weess, dass den Niveau immens héich ass an et vill Krittäre ginn, déi déi ausgewielte Kënschtler erfëlle mussen, fir kënnen dobäi ze sinn. Ech selwer suivéieren och vill Kënschtler, déi schonn emol mat ausgestallt hunn, dëst Joer kënne selwer mat dobäi ze sinn, ass natierlech eng grouss Éier. Mir hunn hei zu Lëtzebuerg nu mol net esou vill Institutiounen, wéi dat a Frankräich oder Däitschland zum Beispill de Fall ass. Dowéinst gesinn ech dat heiten och als eng Chance, fir an Zukunft eventuell och méi kënnen am Ausland auszestellen. Kleng Anekdote: ech wosst emol net, dass ech déi éischte Lëtzebuergerin sinn, déi zu Chaumont-sur-Loire mat ausstellt, bis hir Direktesch, d’Madamm Colleu-Dumont et ervirgehuewen huet.

Wéi ass et iwwerhaapt zu Ärer Participatioun komm?

De Jean-Marc Dimanche hat mech viru Joren invitéiert zu Bréissel auszestellen an d’Madame Colleu-Dumont vum Centre d’Art et de Nature war déi Ausstellung kucke komm. Meng Stécker haten hir immens gefall, dowéinst hat si mech no mengem Dossier gefrot. Dat wëll natierlech näischt soen, vue dass si dagdeeglech esou vill Dossiere kritt, mä et war schonn emol e gutt Zeechen. Et huet zwar e puer Joer gedauert bis ech d’Confirmatioun krut, dass ech dierf 3 Stécker ausstellen, mä lo sinn ech ëmsou méi frou, well et en plus fir de 15. Anniversaire ass.

Wat kënnt Dir eis zu Äre Stécker an Ärem Deel vun der Ausstellung zu Chaumont-sur-Loire zielen?

Ech krut de renovéierte Päerdsstall zougedeelt, wat mir perséinlech immens gutt gefält, well et eng historesch an aussergewéinlech Plaz ass am Domaine Chaumont-sur-Loire.

Dat éischt Stéck, wat ech weise wäert, ass en 2 Meter grousse Mandala, deen ech aus gedréchente Blieder gemaach hunn an deen d’Thema vun der Migratioun opgräift. De Victor Hugo sot eng Kéier: „Je ne puis regarder une feuille d’arbre sans être écrasé par l’univers.“ An dat Zitat huet mech immens gepräägt. Fir mech, si Blieder schonn ëmmer e Leitmotiv a menger Aarbecht gewiescht an ech gesinn an hinnen – bësse wéi den Hugo – eng Zort Metapher fir dat fragilt a vergänglecht Mënscheliewen. Wann een elo esou vill eenzegaarteg Blieder zesummesetzt zu engem Wierk, da verschmëlzen d’Blieder zu enger Unitéit. Dat nämmlecht geschitt, wa vill eenzegaarteg Mënschen zesummekomme fir an enger uniformer Gesellschaft ze liewen.

Dës Unitéit gëtt och a mengem zweete Stéck thematiséiert. Hei geet et wierklech ëm d’Unitéit vum Kierper, Geescht a Potenzial vun all Mënsch, an, änlech wéi bei virege Stécker och schonn, wéi esou vill verschidde Leit kënnen zesummeliewen.

Dat drëtt a lescht Wierk ass e gigantescht Nascht, wat ech aus Äscht geflecht hunn, déi aus de Lëtzebuerger Bëscher kommen. Ech wollt weisen, dass mir dacks no „eiser Plaz“ sichen - sief dat am Liewen, an der Gesellschaft oder Doheem - an dat hei soll eng Invitatioun sinn, fir déi Plaz a sech selwer ze fannen.

© Katarzyna Kot-Bach

Wéi géif Dir Är Konscht an e puer Wierder zesummefaassen?

“Reconnectioun” a Symbios mat der Nature a Konversatioun. Wann ech vun Natur schwätzen, mengen ech an éischter Linn d’Natur ronderëm eis an zu där mir gehéieren - och wann dat a Vergiessenheet ze gerode schéngt. Mir probéieren eis Ëmwelt ze dominéieren an ze kontrolléieren, deelweis och op eng destruktiv Manéier. Dat ass menger Meenung no e ganz grousse Feeler. Mat Natur mengen ech awer och eis mënschlech Natur, eis Capacitéite fir eis selwer ze zerstéieren, duerch Kricher zum Beispill, déi dann dozou féieren, dass Leit hiert Land musse flüchten. Meng Konscht ass also eng Invitatioun dozou iwwer eis Attitüden nozedenken an doriwwer ze schwätzen.

Wéi gesäit Ären Aarbechtsprozess aus?

Um Ufank sichen ech vill no Inspiratioun an der Literatur, der Musek an am Kino. Dee Mix aus Sourcen, gekoppelt mat menge perséinlechen Iwwerzeegunge brénge mech dann ëmmer op eng initial Iddi, déi iwwer d’Zäit ewech dann ëmmer méi kloer a visuell fir mech gëtt. Duerno geet et dann un d’Zeechnen an ëm de méi techneschen Aspekt vun der Skulptur, awer och vun de Strukturen an deenen d’Stécker transportéiert ginn. Vue dass vill vu menge Stécker immens sensibel sinn oder aus vergängleche Materialie bestinn, ass dësen Aspekt vun der Aarbecht och net z’ënnerschätzen. Et ass mir also wichteg, eppes ze maachen, wat mir iergendwann evident erschéngt, mä wat u sech aus deem Mix vu Sourcen entstanen ass.

© Katarzyna Kot-Bach

De Krich an der Ukrain huet jo iwwer de leschte Mount d’Medien dominéiert. Sinn esou sozio-politesch Konflikter och eppes, wat Dir duerch Är Konscht probéiert ze verschaffen?

Definitiv. Ech sinn der Meenung, dass Konscht net nëmmen eng Aarbecht, mä villméi eng “Façon de vivre” ass an eng Method, fir dat ze verschaffe wat mir gesinn, héieren an erliewen. Meng Saache sinn ëmmer e Rappell, fir rëm eng Balance hierzestellen – eng Balance, déi mir ëmmer erëm zerstéieren an déi zu Situatioune féieren, wéi dat elo an der Ukrain de Fall ass. Déi Stécker, déi ech elo zu Chaumont-sur-Loire ausstellen, sinn erëm immens aktuell ginn, och wa se virum Krich an der Ukrain gemaach goufen, well et Theme sinn, déi leider ëmmer erëmkommen. Ech stelle mir immens vill Froen a maache mir Suergen iwwer verschidde Situatiounen, déi uechter d’Welt passéieren. Dat spigelt sech natierlech a menger Aarbecht, mä och sos a mengem Liewen. Ech sinn zum Beispill am gaange mat ukrainesche Kënschtler, déi op Lëtzebuerg geflücht sinn, ze kucken, wéi si vun hei aus kënne weiderschaffen. Och dat consideréieren ech als Deel vu menger Vocatioun als Kënschtler.

Wat erwaart eis an noer Zukunft vun Iech?

Den Ament schaffen ech un enger Ausstellung fir d’Fellner Galerie, déi Ufanks Mee wäert opgoen. Da si mir awer och mam Kënschtlerkollektiv “Sixthfloor” am gaangen eis annuell Ausstellung op d’Been ze stellen an ech wäert un der Ausstellung “Beautiful Decay” zu Käerch Deel huelen. Ech géif och gären ufänken, méi digital Aspekter a meng Konscht afléissen ze loossen. Wann ech nach Zäit hunn, géif ech och dës Editioun rëm gäre meng Stécker op der “Luxembourg Art Week” presentéieren, a wie weess, wéi eng Dieren elo no där Ausstellung zu Chaumont-sur-Loire nach wäerten am Ausland fir mech opgoen.

Méi Informatiounen zum “Centre d’Arts et de Nature” ginn et op hirem Site.

© Katarzyna Kot-Bach

Back to Top
CIM LOGO