Dëst Event, dat all zwee Joer organiséiert gëtt, setzt d'Konschthandwierk an domadder déi kreativ Diversitéit vun eisen Artisten an de Fokus.
Am Reportage vun e Mëttwoch gi mir op Déifferdeng, fir déi faarweg Welt vum Lea Schroeder ze entdecken. Dës Lëtzebuerger Kënschtlerin schaaft virun allem Keramik-Wierker, mee awer och Seide Foularden.