
D’Fraen, déi als Sängerinnen, Schauspillerinnen an Entertainerinne bekannt sinn, sinn dout. E Spriecher vun der Police vu München huet der Noriichtenagence AFP géigeniwwer e Policeasaz zu Grünwald confirméiert, ouni Detailer ze nennen.
D’Alice an d’Ellen Kessler sinn den 20. August 1936 zu Nerchau a Sachsen op d’Welt komm. Nach éier d’Mauer gebaut gouf, hat d’Famill d’DDR a Richtung Westen verlooss, wou d’Zwillingen, déi Ballet geléiert hunn, 1952 zu Düsseldorf am Revuetheater Palladium engagéiert goufen. Mat grad emol 18 Joer goufe si am weltbekannte Lido-Theater zu Paräis engagéiert an hunn esou international Karriär gemaach.
An de prüde Joren nom Krich hunn d’Kessler-Zwillingen zu den éischte gehéiert, déi a seriöe Shows vill Been gewisen hunn. Wéi hire Kontrakt zu Paräis 1960 ausgelaf war, ass den Duo op Welttour gaangen. Hei hu si zu New York, Caracas, Monte Carlo, Barcelona, Buenos Aires oder Sydney gedanzt, waren an internationalen Tëleesshows a sinn a sëllege Kinofilmer opgetrueden.