
Ma genee dat kann ee vun en Donneschdeg un zu Suessem maachen, well da presentéiert d’Gemeng hir 3. Editioun vum Kino beim Schlass.
Nieft dem Kino gëtt et awer och nach Theater an eng Liesung.
“Samschdes gëtt et mat Neurolink en Theaterstéck vum Finestra Kollektiv, dat kann ee sech dann um 20 Auer, just virum Barbie-Film op der Plaz virun der Bün ukucken. An dann hu mer nach den Ofschloss vun eisem Kino, dat ass da Méindes, do ass dann och kee Kino méi, mee do ass just nach Spektakel. Do gëtt et Mëttes e Kannerprogramm um 14.30 Auer schonn, dat ass mam Clown Duo Jac&Joe “Die Melodie der Clowns”. Owes gëtt et dann nach eng live Concertsliesung mam Titel “DAZWISCHEN frei” vun der Schauspillerin Fabienne Hollwege, déi mat hire Museker wäert do sinn.”
Dee ganze Programm dee beim Kino beim Schlass ugebuede gëtt, ass dëst Joer iwwregens gratis a fir jiddereen zougänglech. Allerdéngs sollt ee sech waarm genuch undoen, eng Decken an eventuell och e Stull apaken, wann ee wëll sécher sinn, gemittlech ze sëtzen.
All d’Informatioune fannt Dir och nach eng Kéier hei: www.kinobeimschlass.lu/programm
Sudstroum Escher Kulturlaf
Den Tipp vun en Dënschdeg:Erzielwanderung zu Lëlz: Natur, Skulpturen a Geschichten