Erzielwanderung zu Lëlz: Natur, Skulpturen a Geschichten

© Caroline Martin
Am Tipp vun haut: en Event fir déi ganz Famill. Bei enger Erzielwanderung zu Lëlz um Stauséi kréie Grouss a Kleng e Sonndeg flott Geschichten verzielt.
D'Muriel Nossem, bekannt als d'Geschichtenerzielerin Melissa, entféiert Iech hei mat vill Passioun an d'Welt vun de Geschichten. Wat Iech hei erwaart, erzielt si Iech am beschte selwer:
"Ech siche mir ëmmer am Viraus e schéine Wee eraus an an dësem Fall ass dat um Stauséi, zu Lëlz. An do hunn ech e ganz schéine Wee fonnt an dee begleeden ech da mat Geschichten. Ech hu mer de Wee gutt ugekuckt, et ass e Wee, dee mech beréiert an do dozou kréien d’Leit da vu mir Geschichte geschenkt op verschiddene Plazen."
D'Geschichte sinn elo net nei erfonnt, mee si baséieren op existenter Literatur, déi d'Muriel Nossem, aka Melissa, beréiert hunn an déi si mat hirem Kënnen als Geschichtenerzielerin op eng authentesch a flott Aart a Weis weidergëtt:
"Ech ginn déi a meng Literatur sichen a Geschichten, déi mech beréieren an déi da passend sinn zum Liewensraum, an dësem Fall dann zu deem wonnerschéine Skulpturewee dee mat Steng ze dinn huet, do fannen ech wonnerschéi Saachen aus der Geschicht an aus der grousser Welt vun de Geschichten."
Rendez-vous fir dës Erzielwanderung fir Grouss a Kleng ass, wéi gesot, dëse Sonndeg zu Lëlz. Lass geet et um 14 Auer.
Denkt just w.e.g drun Iech, och wann et gratis ass, am Viraus beim Naturpark Öewersauer unzemellen an och anstänneg Schong an dem Wieder ugepasste Kleeder unzedoen.
All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:
Den Tipp vun e Méindeg:Sudstroum Escher Kulturlaf