Däitsch Charts"Komet" vum Udo Lindenberg an Apache 207 längsten Nummer-1-Hit

RTL Lëtzebuerg
Bis ewell hat et nach ni e Lidd bei eisen däitschen Nopere gepackt, fir am ganzen 18 Woche laang d'Nummer 1 an de Musekscharts ze sinn.
© Photo by MARCUS BRANDT / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP

Dat huet GfK Entermainement offiziell matgedeelt. Si sinn zoustänneg fir d’Ermëttlunge vun den offiziellen däitschen Carts.

“Komet” louch elo 18 Mol op der Plaz eent vun de Single-Charts an Däitschland. Bis ewell gouf et just zwou international Produktiounen, déi 17 Woche laang ganz uewe stoungen: Eng Kéier de Summerhit “Despacito” vum Luis Fonsi an Daddy Yankee aus dem Joer 2017 an de Klassiker “Rivers of Babylon” vu Boney M. aus dem Joer 1978.

Back to Top
CIM LOGO