
Fir den 80. Gebuertsdag kritt “De Klenge Prënz” e frësche Look. De britteschen Illustratiounsstudio MinaLima, bekannt fir seng Harry‑Potter-Wierker, huet dem Klassiker vum Antoine de Saint‑Exupéry eng nei, faarweg Interpretatioun mat Pop‑up‑Elementer ginn. Et ass déi éischt nei illustréiert Adaptatioun zanter der franséischer Première am Joer 1946.
Déi nei Editioun ass gläichzäiteg an 22 Sproochen erauskomm a enthält ronn 100 Illustratiounen an e puer animéiert Elementer, déi virun allem jonke Lieser gefale sollen. Den Editeur Gallimard huet dem Studio dofir fräi Hand gelooss. D’Startoplag läit bei 250.000 Exemplaire weltwäit.
De Klenge Prënz zielt zu de gréisste Literaturklassiker iwwerhaapt: D’Buch gouf 300 Millioune Mol verkaaft a gouf a 650 Sproochen an Dialekter iwwersat. Et ass dat Wierk, dat no der Bibel am heefegsten iwwersat gouf.
Fir den Anniversaire ginn zousätzlech och d’Originalmanuskript publizéiert, nei Ausstellungen organiséiert an aner kulturell Projete lancéiert.
