Aly Stadtfeld"Leekëppert ass eng Passioun"

Christophe Hochard
Bis 1986 gouf zu Uewermaartel Schifer an de Grouwen ofgebaut. Dorausser goufen Daachleeën hiergestallt.
"Leekëppert ass eng Passioun"
Bis 1986 gouf zu Uewermaartel Schifer an de Grouwen ofgebaut. Dorausser goufen Daachleeën hiergestallt.

Bis 1986 gouf zu Uewermaartel Schifer an de Grouwen ofgebaut. Dorausser goufen Daachleeën hiergestallt.

Den Aly Stadtfeld huet vu 1950 bis 1956 zu Uewermaartel an der Schifergrouf geschafft. Deemools hat hien 14 Joer. Vu Moies 8 bis Nomëttes 16 Auer gouf hei geschafft. 1.000 Leeë sinn an deenen 8 Stonnen hiergestallt ginn. De Verdéngscht war net enorm.

Den Aly Stadtfeld huet haut 85 Joer. Hien ass ee vun am ganzen 3 Leekëppert, déi elo nach an Atelieren de Visiteure weisen, wei deemools hei um Site geschafft gouf. 160 verschidde Muster gouf et fir d’Leeën ze schneiden.

D’Scouten an d’Guiden “Les Panthères Noires vu Luerenzweiler hunn en Abléck an d’Aarbecht vum Leekëppert kritt. A si konnten och hir eege Lee schneiden.

85 Joer al ass den Aly Stadtfeld. Ma de Leekëppert huet och haut nach ëmmer Spaass säi Beruff der jonker Generatioun ze weisen.

Back to Top
CIM LOGO