Fotosgalerie vum FilmfestivalLëtzebuerg war och dëst Joer zu Cannes nees gutt vertrueden
D'Palme d‘Or krut zu Cannes e Samschdeg iwwerdeems de Film "Anora" vum Sean Baker an de Jury-Präis war fir "The Seed of the Sacred Fig" vum Realisateur Mohammed Rassulof.
De Film “All We Imagine ass Light”, deen an Zesummenaarbecht mat der Lëtzebuerger Produktiounsfirma Les Films Fauves entstanen ass a vum Lëtzebuerger Filmfong finanziell ënnerstëtzt gouf, huet e Samschdeg um Filmfestival vu Cannes an der Kategorie Grand Prix gewonnen.
Eng weider Lëtzebuerger Vertriedung gouf et zu Cannes dann och duerch d’Vicky Krieps, déi Member am Jury vun der Kategorie “Un certain regard” war, an där si 2022 mat “Corsage” selwer ugetruede war. Dëst Joer goufen an där Kategorie vum Festival 18 Filmer gewisen. Et ass dat eng Competitioun mat méi couragéierten an neie Filmer, déi parallel zu der offizieller Selektioun leeft.
Den detailléierten Artikel zu de Gewënner zu Cannes fannt Dir hei.
D’Vicky Krieps um leschten Owend vum 77. Filmfestival zu Cannes. © SAMEER AL-DOUMY AFP
D’Vicky Krieps mat der Marokkanescher Regisseurin Asmae El Moudir, déi och an der Jury vun © SAMEER AL-DOUMY AFP
D’US-Schauspillerin Andie MacDowell um rouden Teppech zu Cannes. © LOIC VENANCE/AFP
Déi brittesch Schauspillerin Simone Ashley op der Ofschlosszeremonie. © SAMEER AL-DOUMY/AFP
D’US-Schauspillerin Elle Fanning um rouden Teppech. © LOIC VENANCE AFP
Déi franséisch Regisseurin Coralie Fargeat (l) an d’US-Schauspillerin Demi Moore (r). D’Coralie Fargeat huet de Präis fir dat beschten Dréibuch fir © SAMEER AL-DOUMY/AFP
D’Membere vum Jury: Pierfrancesco Favino, Lily Gladstone, Nadine Labaki, Greta Gerwig, Eva Green, Juan Antonio Bayona, Ebru Ceylan, Kore-Eda Hirokazu Omar Sy an d’Iris Knobloch. © LOIC VENANCE AFP
D’Freed war grouss, wou de Grand Prix un déi Lëtzebuerger Koproduktioun © VALERY HACHE AFP
Den US-Regisseur Sean Baker mat der Palme d’or, déi hie fir säi Film © MUSTAFA YALCIN/Anadolu via AFP
D’Palme d’or d’honneur goung un den US-Regisseur George Lucas. Iwwerreecht gouf him de Präis vum Francis Ford Coppola, © CHRISTOPHE SIMON AFP
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.