
Zu den Highlighte vun dëser Editioun huet de Long-Métrage “All We Imagine as Light” vun der indescher Realisatrice Payal Kapadia gehéiert, deen an Zesummenaarbecht mat der Lëtzebuerger Produktiounsfirma Les Films Fauves entstanen ass a vum Film Fund Luxembourg finanziell ënnerstëtzt gouf.
De Film huet um Enn dann och de “Grand Prix” gewonnen.