D’Carrière vum lëtzebuergeschen Drummer Chris Maas ass eng lëtzebuergesch Success-Story. De Museker vu Meespelt ass de Moment op Welttournée, an dëst mam Sting 3.0. Hie bilt en Trio mam bekannten englesche Bassist a Sänger Sting an dem Gittarist Dominic Miller. E Wonsch, dee fir dëse Museker an Erfëllung gaangen ass.
Mir hunn de Chris zu Paräis kennegeléiert an hien huet eis erzielt, wéi et dozou komm ass. Eent ass awer viraus ze soen, dohannert stécht ganz vill Aarbecht an och e grousse Wëllen.