
Dem Joko Winterscheidt seng Quiz-Show “Wer stiehlt mir die Show?” goung e Sonndeg den Owend um 20.15 Auer an déi 10. Staffel. Mat als Kandidaten dem Olli Dittrich, dem Karoline Herfurth an dem Olli Schulz.
An all Show ass jo och e Wildcard-Kandidat derbäi. An dat war e Sonndeg den Owend de Gilles Reuter, dee gebierteg vum Wuermer Bierg ass. Ugemellt gouf den 38 Joer ale Lëtzebuerger vu senge Kanner, wéi een an engem Video op sengem Instagram ka gesinn. Déi zwee wollten hire Papp “e bësse iergeren”.
Dee Video vun de Bouwe gouf iwwregens 1,5 Millioune mol gekuckt!
Um Méindeg hat den Dan Spogen de Gilles Reuter am RTL Wecker um Radio am Interview. Hien huet erzielt, wéi hien dës Show erlieft huet. D’Opzeechnung vun der Show huet net manner wéi 9 Stonne gedauert, ma do wieren awer och Pause mat dra gewiescht, wärend deene ee sech dann och emol erliichtere konnt. Fir Iessen a Gedrénks wier natierlech och gesuergt gewiescht.
Déi ganz Crew vu Leit, déi un der Show bedeelegt ass, wier extrem authentesch gewiescht. De Joko Winterscheidt huet dem Gilles Reuter dann och nach e Sonndeg den Owend, wéi d’Show diffuséiert gouf, e Message geschéckt.
Et sollt leider net duergoen, fir d’Show ze gewannen, fir dann den nächste Sonndeg d’Emissioun presentéieren dierfen.
Am Interview um Méindeg de Moien huet de Gilles Reuter dann och nach wësse gedoen, dass Hollywood bis elo net ugeruff hätt, hie géif awer haut Mol nach den Telefon weider am Aen behalen... et weess ee jo ni.