Luxembourg Classical meetingLëtzebuerger Kënschtler presentéiere sech

RTL Lëtzebuerg
Kultur Lx ass eng Gesellschaft, déi derfir suergt, dass Lëtzebuerger Museker international bekannt ginn an d’Méiglechkeet kréien, hiert Talent ze weisen.
Luxembourg Classical Meeting
Museker aus Lëtzebuerg kréien d’Chance, virun internationale Gréissten ze spillen a sech esou ze beweisen.

Kultur LX huet fir 2 Deeg international Profien aus dem Beräich klassesch Musek op Lëtzebuerg an d’Philharmonie invitéiert. Dat ware Vertrieder vun Concertshaiser, Festivallen, Agenten, Plackefirmen an der Fachpress.

A richteger Concertsathmosphär konnte si sech e Bild maache vun Lëtzebuerger Museker a Musekerinnen oder Museker, déi zu Lëtzebuerg wunnen. Dës hoffen natierlech, dass dorausser méi gëtt: Verflichtungen am Ausland fir e Solo Optrëtt oder mat Band oder Orchester.

D’Museker hunn eng hallef Stonn, an där se mussen iwwerzeegen. Dëst sollt net ze komplizéiert sinn, well déi Meescht hu schonn Erfarung mat Public an Opféierungstresss.

Dat war déi 3. Editioun vun Luxembourg Classical meeting an et schwätzt näischt géint eng Véiert.

Back to Top
CIM LOGO