Centre culturel "op der Schmelz"Lëtzebuerger Museker Sven Sauber presentéiert seng Musek

RTL Lëtzebuerg
Am Mäerz wollt de Lëtzebuerger Museker Sven Sauber säin éischten CD virstellen, doraus ass awer wéinst dem Coronavirus näischt ginn.
Lëtzebuerger Museker Sven Sauber presentéiert seng Musek
Am Mäerz wollt de Lëtzebuerger Museker Sven Sauber säin éischten CD virstellen, doraus ass awer wéinst dem Coronavirus näischt ginn.

Ma elo war et esouwäit, am Centre culturel “op der Schmelz” zu Diddeleng war Presentatioun mat Concert.
De Sven Sauber huet bis elo a verschiddene Bande matgespillt als Gittarist. Eng eege Produktioun hat sech nach net erginn. Lo war d’Zäit komm: Another Day, eppes anescht soll passéieren.

De Sven Sauber ass musikalesch am Folkberäich ënnerwee.

Virbild sinn zum Beispill Simon and Garfunkel. Selwer Musek ënnert Leit bréngen, geet natierlech méi wäit, wéi un engem Stil ze schaffen.

Back to Top
CIM LOGO