
Mir kucke mat der Kommissärin vum Lëtzebuerger Pavillon zréck op d’Expo a geheien e Bléck op d’Zukunft vum Site.
Viru genee 181 Deeg ass zu Dubai d’Expo 2020 opgaangen, mat enger riseger Zeremonie. Op mannst genee sou spektakulär soll och de leschten Owend ginn. Am Al Wasl Plaza, do wou och schonn d’Ouverture gefeiert ginn ass, soll muer den Owend eng grouss Show d’Enn vun der Expo markéieren, mat musikalescher Ënnerstëtzung vun der Pop-Ikon Christina Aguilera. Vu 7 Auer Owes bis 3 Auer Moies soll d’Ofschloss-Zeremonie goen, d’Organisateure rechne mat zéngdausende Leit.
A wann alles eriwwer ass, gëtt geschafft! Aus der Expo 2020 gëtt nämlech den “District 2020". Quasi eng Stad an der Stad. 80% vun den Infrastrukturen um Site gi gehalen a kréien eng nei Funktioun. Dat si méi wéi 200.000m2 fir Büroen, Commercen a Residencen. 45.000m2 gréng Flächen a Parken. An dat alles soll schonn a 6 bis 9 Méint prett sinn. Am Oktober kënnen déi éischt Entreprisen a Residenten an den District 2020 era plënneren. En ambitiéise Plang, mee wéi sou dacks gesot gëtt, ass zu Dubai näischt onméiglech.
De Lëtzebuerger Pavillon bleift iwwregens nach op mannst 5 Joer laang zu Dubai, verréit d’Maggy Nagel. Exploitéiert gëtt e vun den Emiraten. “Dat éiert eis an dat weist jo och scho wéi e positive Feedback mir hei hannerlooss hunn”, esou d’Kommissärin vum Lëtzebuerger Pavillon. Bal 680.000 Visiteuren, also méi Leit wéi am Grand-Duché wunnen, hunn e besicht.
Maggy Nagel: “D’Leit sinn eraus gaangen, waren zum Deel iwwerrascht, déi Lëtzebuerg nach ni sou kannt hunn. An anerer déi vu Lëtzebuerg komm sinn, déi hu gesot ‘mer kënne richteg houfreg drop sinn wat dir hei zu Dubai gemaach hutt a wéi dir Lëtzebuerg hei presentéiert hutt’. Also et ass e positive Bilan.”
Perséinlech wier si ganz iwwerrascht gewiescht vun Dubai, esou d’Maggy Nagel, iwwer de léiwen Empfang, de Respekt an d’Weltoffenheet vun de Leit.
Maggy Nagel: “All Dag, all Moment begéint een nei Leit, huet een Echangë mat de Leit. Dat ass ganz wichteg, dass ee sou no konnt jiddereen iwwerzeegen, fir Lëtzebuerg de Leit ze erklären an duerch de Pavillon ze féieren.”
Déi nächst Expo ass dann 2025 zu Osaka a Japan, déi Kéier ouni d’Maggy Nagel. Si geet nämlech an hir wuelverdéngte Pensioun, verréit si eis am Interview.