Den Tatort op der däitscher Tëlee ass scho bal Kult. Zanter bal 50 Joer gehéieren déi Filmer fir vill Léit zum Sonndegowend dozou. Mat dobäi ass elo eng Lëtzebuergerin.
D'Brigitte Urhausen huet mam Theater ugefaangen a mëttlerweil huet si schonn a ville Filmer matgespillt. Enner anerem konnt ee Si a Bad Bank, dem Doudege Wénkel a Rusty Boys gesinn. Elo spillt Si eng vun de véier Ermëttler am Saarbrécker Tatort.
Wéi geséit sou ee Filmset hannert de Kulissen aus, wéi leeft dat Ganzt of a wat hält den Däitsche Regisseur vun der Lëtzebuerger Schauspillerin? Mir ware beim Dréi dobäi an hunn ee Bléck hannert d'Kulisse geheit.