LuxFilmFestLëtzebuergesch-kanadesch Koproduktioun "Kanaval" vum Realisateur Henri Pardo

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vum Luxfilmfest leeft en Dënschdegowend déi ganz engagéiert kanadesch-lëtzebuergesch Koproduktioun, "Kanaval".
Lëtzebuergesch-kanadesch Koproduktioun "Kanaval" vum Realisateur Henri Pardo
Am Kader vum Luxfilmfest leeft en Dënschdegowend déi ganz engagéiert kanadesch-lëtzebuergesch Koproduktioun, “Kanaval”.

E Film vum kanadesche Realisateur Henri Pardo, deen d’Geschicht vun engem klenge Bouf zu Haiti an de 70er-Joren erzielt. Déi lëtzebuergesch Actrice Hana Sofia Lopes, hat d’Chance am Film matzespillen.

De klenge Rico lieft an onrouegen Zäiten, gepräägt vu politesche Konflikter. Nodeems de klenge Jong eppes gesinn huet, wat en net hätt sollen, flüchten hien a seng Mamm a Kanada. Hei versiche se en neit Liewen unzefänken, ma hier Illusioune ginn allerdéngs séier zerstéiert.

Fir déi lëtzebuergesch Actrice Hana Sofia Lopes war dësen Tournage eng ganz besonnesch Experienz, ënnert anerem huet si mat engem Sprooch-Coach missen zesummeschaffen. Si huet misse franséischt Québécois léieren, fir am Film sou authentesch wéi méiglech ze klengen.

De Realisateur Henri Pardo kënnt ursprénglech aus Haiti an zielt an dëser Biografie seng eege Kandheet. Fir d’Hana Sofia Lopes a fir de Rescht vum Filmteam war et e Genoss un dësem engagéierten a perséinlechem Projet ze schaffen. Dem Henri Pardo ass et besonnesch wichteg, datt d’Filmekipp sech gutt verdréit a genee déi Komplizitéit zu engem gudde Resultat beim Film féiert.

Et ass eng intim Geschicht, wou et ëm Rassismus, Inclusioun a Fantasiewelte geet. Ma och em déi eege Wuerzelen a Mythen. De Film gëtt en Dënschdegowend am Kader vum Luxfilmfest gewisen an dat a Presenz vun den Acteuren an dem Realisateur.

Back to Top
CIM LOGO