
Kuerz duerno sinn nach den Nico Wegé an de Pol Urbany dobäi gestouss. Power-Rock huet d’Grupp sech op de Fändel geschriwwen an dat ënner anerem als Support vun de SCORPIONS um Luxexpo Open Air 2024 a mam Album GOING DOWN ënnerstrach.
Dëst Joer am Mee hu SUPERDRIVE mat der Single LET GO nogeliwwert, fir déi och e Video realiséiert gouf.
De Video ass an Zesummenaarbecht mam Matteo Orgniani a Loïck Boulet entstanen a konnt net nëmmen de Jury vum Trier FilmFest mä och de Public iwwerzeegen.
De Louis Wright iwwert de Video: “We set out to make something honest – something that feels like the moment you stop fighting the current and just let go.”
De Cinematograf Loïck Boulet beschreift d’Zesummenaarbecht esou: “The collaboration between sound and image on this project was pure synergy. We wanted to visualize the emotional tension of letting go, and I think Matteo’s story captured that beautifully.”
Gratulatioun u SUPERDRIVE fir den éischte Präis an der Kategorie “Musekvideo” beim Trier FilmFest.
