NationalfeierdagLidd zu Éiere vum Gebuertsdag vum Grand-Duc kënnt vum David Laborier

RTL Lëtzebuerg
Dat huet de Kulturministère an engem Communiqué matgedeelt. D'Wiel ass op de Gittarist a Komponist gefall.
© AFP

Dat festiivt Wierk gëtt fir e Symphonieorchester geschriwwen a gëtt fir d’Ouverture an der Philharmonie gespillt.

Wien ass den David Laborier?

Aktuell ass de Museker Professer fir Jazz am Conservatoire an der Stad, wou seng Ausbildung och ugefaangen huet, éier hien op der Berklee College of Music an de Conservatoire vun den Haag gaangen ass. Wärend senger Karriär huet hie verschidden Alben erausbruecht awer och ëmmer nees Lidder fir d’Philharmonie-Orchester an den Nationalen Jazz-Orchester geschriwwen.

Link: De Communiqué um Site vum Kulturministère

Back to Top
CIM LOGO