
Wéi sou vill anerer huet de Open-Air-Festival vu Wolz virun 2 Joer och musse Pandemie-bedéngt säi ganze Programm ofsoen. An och wann nach net all Wënsch fir 2022 an Erfëllung ginn, huet ee sech zu Wolz dach vun der Zwangspaus erholl, sou d’Direktesch Elvira Mittheis.
“Eenegermoosse gutt géif ech soen, well no dem Ufanksschock hate mer eis zum Zil gesat weiderzemaachen, einfach ze plangen. Mir hu permanent geplangt, haten heiansdo Saachen, déi mer hu mussen ofsoen, well Kënschtler krank waren oder Tournéeën ofgesot goufen. Et war eng stänneg Aarbecht, déi do war. Mee fir eis war et keng Alternativ, näischt ze maachen. Fir eis war et wichteg, datt mer weidermaachen, och fir d’Motivatioun am Team.”
Et ass natierlech eng grouss Erliichterung, datt de Line-Up vun 2020 bal komplett kann iwwerholl ginn, wéi de brittesche Singer-Songwriter Passenger, d’schweedesch Rockband Mando Diao an d’Gipsy Kings. Nei derbäi kënnt déi amerikanesch Sängerin LP. Mee nieft Rock a Pop soll et eng breetgefächert Offer bleiwen.
“Mir wëllen ëmmer schonn och e klassesche Bäitrag. Musek ass ëmmer en Deel, deen am Virdergrond steet, do ass d’Nofro och ganz grouss. Et soll fir Famillen eppes ginn, fir Kanner. Ech géif soen, datt mer an Zukunft vläicht méi breet wéi dëst Joer opgestallt sinn.”
De Festival zu Wolz ass dëst Joer vum 24. Juni bis de 16. Juli beim Wëlzer Schlass an de Wee dohinner geet gutt mat Zuch a Bus.
D’Ticketen an Informatioune ginn et iwwer festivalwiltz.lu.