Sumo-Fliger sicht SuccesseurLuxair sicht no Kënschtler fir neien Design

RTL Lëtzebuerg
Viru 60 Joer ass den éischte Vol vu Lëtzebuerg op Paräis gaangen. Fir dat ze feieren, huet d'Lëtzebuerger Airline e Molconcours lancéiert.

No der éischter Zesummenaarbecht mam Kënschtler Sumo am Juli 2020 kréie Leit aus der Géigend elo d’Méiglechkeet, hirer Kreativitéit op enger Boeing 737 fräie Laf ze loossen. Kënschtler aus dem Grand-Duché an der Groussregioun ginn invitéiert, hir Visioun vun der Zukunft vun der Lëtzebuerger Fluchgesellschaft ze molen an dës bis den 28. Mäerz eranzeschécken.

18 Méint war den “Sumo Fliger” uechter Europa ënnerwee. Elo mécht de faarwegen Design Plaz fir d’Wierk vun engem weidere Kënschtler.

Méi Informatiounen iwwert de Projet #FlyingIsAnArt fannt Dir hei.

PDF: Communiqué Luxair

Back to Top
CIM LOGO