Kultur trotz CoronaLuxFilmFest Home Edition

RTL Lëtzebuerg
De Luxfilmfestival virtuell doheem erliewen - an dat mat enger ganzer Partie Filmer made in/with Luxembourg!

Nodeems d’Organisateuren déi 10. Editioun vum LuxFilmFest kuerzfristeg hu missen ofbrieche wéinst dem Coronavirus, stinn d’Datumer fir d’nächst Joer scho fest! Bis Mee 2021 ass awer nach eng Zäitchen, an déi sollen all d’Kinosfrënn awer och an den nächste Wochen net ouni Filmer verbrénge mussen.

Iwwer 50 Filmer aus de viregten Editioune vum Filmfestival gi bis Mëtt Juni op VOD.lu gewisen. All Woch wäert den artistesche Comité vum Festival eng Themewoch presentéieren. D’Filmer ginn zu spezielle Präisser ugebueden an all Weekend si souguer 3 Filmer dobäi, déi näischt kaschten.

Freides fänkt d’thematesch Woch vun der sougenannter “Home Edition” vum Festival un, an där een da wärend 7 Deeg eng Auswiel vu verschiddene Filmer huet. An dorënner sinn och eng ganz Partie Filmer, déi an Zesummenaarbecht mat, oder zu Lëtzebuerg produzéiert goufen:

Away from the city (15.05. – 21.05.)

Styx vum Wolfgang Fischer gouf vun Amourfou produzéiert an erzielt en Drama iwwert d’Flüchtlingskris:

De Film zielt d’Geschicht vun enger Doktesch, déi mat hirer Yacht iwwert den Atlantik seegelt, wou se op e komplett iwwerfëllt Flüchtlingsboot trëfft. Iwwer Funk rifft se no Hëllef, ma déi kënnt awer net. Den Dilemma fir d’Fra, gespillt vum Susanne Wolff, spëtzt sech no an no ëmmer weider zou. Soll se hëllefen? Ka se hëllefen? Muss se net souguer hëllefen?

Styx wërft vill moralesch Froen op, a riicht d’Kamera op d’Flüchtlingsdrama, dat sech ëmmer erëm tëscht Afrika an Europa ofspillt.

Strange Occurences (29.05. - 4.06.)

Bizar Perséinlechkeeten tauchen am Film Gutland vum Lëtzebuerger Regisseur Govinda van Maele op:

Am Duerf Schandelsmillen kënnt enges Daags e jonke Mann un - de Jens, gespillt vum Frederick Lau. Hien ass op der Sich no Aarbecht, ma d’Bauere sinn net wierklech begeeschtert an éischter skeptesch. Duerch dem Buergermeeschter seng Duerschter, gespillt vum Vicky Krieps, geléngt et dem jonke Mann, sech awer e bëssen z’integréieren. Mee d’Zesummeliewen ass awer net sou einfach, well net just de Jens huet e Geheimnis, mee och d’Duerf.

Dem Govinda van Maele ass et gelongen, eng mysteriéis Atmosphär opzebauen, an där sech ëmmer méi Froe stellen.

Gutland kann een tëscht dem 29. an 31. Mee fir näischt kucken.

Coming Home (12.06. - 18.06.)

Mëtt Juni gëtt op eng ganz Partie Lëtzebuerger Produktiounen oder Ko-Produktiounen zréck gekuckt, déi d’Geschicht vum Filmfestival gepräägt hunn:

  • Eldorado vum Rui Abreu, Thierry Besseling & Loïc Tanson:

En Documentaire, deen d’Hoffnungen awer och d’Enttäuschunge vu 4 portugiseschen Immigrante weist, déi zu Lëtzebuerg versichen, en neit Liewen unzefänken. Iwwer 3 Joer laang goufen déi 4 Persoune mat der Kamera op hirem Wee begleet, dee weist, datt et net ëmmer einfach ass zu Lëtzebuerg, e Land wat vu verschiddenen als Eldorado gesi gëtt.

  • Baby(a)lone vum Donato Rotunno:

Gewalt, Drogen a Pornografie si Sujeten, deenen déi zwee jonk Protagoniste X a Shirely, déi grad mol 13 Joer hunn Dag fir Dag an der Schoul ausgesat sinn. Baséiert um Buch Amok vum Tullio Forgiarini erzielt Baby(a)lone eng Geschicht iwwert d’Léift an awer och iwwert d’Sich no Léift.

  • Foreign Affairs vum Pasha Rafiy:

Den Documentaire iwwert de Jean Asselborn gëtt en Abléck an déi international Politik an an d’Liewe vum Lëtzebuerger Ausseminister. An dat souwuel, wat säi professionellt, mee och privat Liewe betrëfft. Ee Joer laang huet de Regisseur den LSAP Politiker begleet an de “Jang” esou portraitéiert, wéi hien de Lëtzebuerger bekannt ass: volleksno, buedemstänneg an zäitgläich matzen a politesche Krisen aktiv.

Déi 3 Filmer kann een tëscht dem 12. a 14. Juni gratis op VOD.lu kucken.

50 ganz ënnerschiddlech Filmer

Ma nieft de Lëtzebuerger Produktiounen oder Ko-Produktioune sinn awer och nach eng helle Wull ganz interessant Filmer dobäi, déi een net verpasse soll. Dorënner zum Beispill Une Séparation aner vum by Asghar Farhadi, Big Eyes vum Tim Burton oder A bigger Splash vum Luca Guadagnino fir der nëmmen e puer ze nennen.

Déi komplett Lëscht vun de verschiddenen Themewochen an all déi Filmer, déi an den nächste Woche wäerte gewise ginn, fannt der ënnert:

LuxFilmFest Home Edition

Back to Top
CIM LOGO