
Weltberüümt gouf den 1932 gebuerene Bouf vu spueneschen Awanderer mat senger Comic-Figur Mafalda, e frecht, 6 Joer jonkt Meedchen aus der argentinescher Mëttelschicht, dat Zopp haasst, frou ass mat de Beatles a seng Elteren mat ville Froen a Kommentare komplett iwwerfuerdert.
D’Mafalda-Comics goufe vun 1964 bis 1973 verëffentlecht.

De Quino huet nom Militärputsch 1976 an Argentinien mussen an Italien flüchten, 1990 ass hie spuenesche Staatsbierger ginn. En huet deslescht mol a Spuenien, mol an Argentinien gelieft. E Mëttwoch ass en am Alter vun 88 Joer gestuerwen.
