Rekord-SaisonBal 34.000 Visiteure waren um Sunset Cinema

RTL Lëtzebuerg
De Sunset Cinema op den zwee Sitten an der Stad an zu Esch-Uelzecht war ganz beléift bei de Leit.
De Sunset Cinema hat dëst Joer enorm vill Zoulaf.
© Vladimirs Vascenko / Christophe Zanier

Mat der Lux Short-Film Night zu Esch-Uelzecht ass dës Woch dee leschten Owend vu véier Woche Sunset Cinema op en Enn gaangen. Op den zwee Sitten an der Stad an zu Esch ass déi Kéier en neie Rekord opgestallt gi mat am Ganze bal 34.000 Visiteuren.

An der Stad ware wärend dräi Woche méi wéi 30.000 Leit bei den Open-Air-Projektiounen dobäi. D'Owenter ronderëm d'Filmer Grease, Mamma Mia! an The Lion King hunn eleng jeeweils gutt 3.000 Persounen ugezunn. Och d'Observéiere vun der Sonnendäischtert hu sech vill Leit net laanscht d'Nues goe gelooss.

Um neie Site um Escher Gaalgebierg war de Sunset Cinema duerno fir eng Woch doheem. Ronn 3.750 Visiteure konnten hei gezielt ginn, woubäi Shrek a Pulp Fiction do d'Favoritte waren.

Kuckt hei déi bescht Fotoe vun der Saison 2026:

Back to Top
CIM LOGO