Esch 2022"Melting Pot & Organized chaos"

Sandy Elsen
Ganz am Remix-Gedanke gëtt um Samschdeg den Owend zu Diddeleng Industrie-Geschicht mat verschiddene Konschtdisziplinne verschmëlze gelooss.
Melting Pol
Ganz am Remix-Gedanke gëtt um Samschdeg den Owend zu Diddeleng Industrie-Geschicht mat verschiddene Konschtdisziplinne verschmëlze gelooss.

Den Event “Melting Pot & Organized chaos” ass eng Performance fir Uergel, Danz, Film an digital Konscht, déi dat industriellt Ierwe ganz nei interpretéiert.

An der St. Martinskierch zu Diddeleng steet eng vun deene Kierchenuergelen, déi weltwäit am meeschte fir Museksproduktioun opgeholl goufen. De Projet „Melting Pot & Organized Chaos“ verbënnt dëst villfältegt Instrument mat där lokaler Industriegeschicht. D‘Uergel gëtt an dëser Performance instrumentaliséiert, fir Brécken ze schloen zu der Stolproduktioun.

Mat deene ville Klangfaarwe wéi och mam Raum interagéiert den Danz. Adaptéiert u Filmmaterial, dat d‘Geschicht vun der Stolproduktioun dokumentéiert, huet deen däitsche Kënschtler Klaus Abromeit an der Kierch eng Performance kreéiert, déi verschidden Handlungen aus dem Produktiounsprozess vum Stol ënnersicht.

Den Arthur Stammet huet fir “Melting Pot an Organized Chaos” net just d‘Documentairen aus dem CNA-Archiv zougeschnidden, ma zesumme mam Klaus Abromeit huet hien och ganz nei Kuerzfilmer op fréieren Arbedssitte gedréit.

Rendez-vous fir dëse facettëräiche Remix-Projet ass e Samschdeg den Owend um 20 Auer zu Diddeleng.

Back to Top
CIM LOGO