De President vun der Industrielle Federatioun huet en Donneschdeg Owend a senger Ried um Neijoerschpatt mat Bezuch op de Sozialdialog betount, dass een drop vertraut, datt d’Politik hir Léiere gezunn huet. Eng Approche wéi déi vum Summer 2025 kéint ee sech net nach emol leeschten.
“Wann ee verschidde rout Linne vun Ufank u setzt, dann ass et schwéier mateneen ze diskutéieren, respektiv Kompromësser wëllen ze fannen. Mir waren ëmmer op fir Kompromësser. An anerer waren do vill manner op. An dat muss op jidder Fall geännert ginn, datt ee mol nees konstruktiv matenee schwätzt”, esou de Georges Rassel am RTL-Interview.
Mam Bild vum Klassekonflikt, deen d’Gewerkschaften zeechnen, ass de FEDIL-President och net averstanen. “Mir gesinn dat bei eise Memberen an de Firmaen, wou ganz kloer ganz ganz oft un engem Strang gezu gëtt, d’Delegatioun mat hirer Direktioun.” De Georges Rassel mécht ee waarmen Appell un den neien Aarbechtsminister Marc Spautz, fir net just bei d’Federatiounen an an d’Chamberen ze goen, mee sech och ee Bild um Terrain ze maachen.
Den digitalen Zuch an d'21. Joerhonnert net verpassen
Iwwerreguléierung a Kompetitivitéit si weider Sujeten, déi d’Industrie beschäftegen. Hei ass d’Europäesch Unioun viséiert. Grad wéi an der Digitalisatioun. De Georges Rassel warnt, d’EU géif riskéieren, den digitalen Zuch an d'21. Joerhonnert ze verpassen. Virop wéinst der Iwwerreguléierung. Dat géif der Innovatioun am Wee stoen. Dofir misst een déi richteg Mëtt fannen tëscht Regulatioun an dem “Fräiloosse” vun enger Innovatioun.
Dee laangwieregen Decisiounsmechanismusan der EU misst iwwerduecht ginn, fuerdert d’FEDIL mat Verweis op 25 Joer Verhandlungen iwwer de Mercosur-Accord.
Fir d’Energietransitioun an der Industrie ze fërderen, bräicht et séier an déifgräifend Reformen. Am anere Fall missten eis Sozialsystemer en héije Präis bezuelen, kéim et zu enger Deindustrialiséierung an der EU.
US-Taxen hu limitéierten Impakt op eis Industrie
Och déi US-amerikanesch Ambassadrice Stacey Feinberg war der Invitatioun vun der FEDIL nokomm. Déi méi héich Taxen aus den USA op europäesch Importer hätten ee limitéierten Impakt op d’Lëtzebuerger Industrie, seet de Georges Rassel. Dat well eng Rei vun eise Produiten, aus der Stolindustrie beispillsweis, eenzegaarteg wären. “Dat ass och am Fong d’Léisung! Mir musse kucken, dass mir zu Lëtzebuerg an an Europa innovativ bleiwen, Produiten hunn, déi anerer net esou hunn.”
Den Handels-Deal mat den USA wier bäi wäitem net perfekt. Bei der FEDIL ass een awer frou, datt et iwwerhaapt en Deal gëtt. Op d’mannst wier een esou kenge willkürlechen Decisiounen aus den USA ausgesat.