
Fir mam Public a Verbindung ze bleiwen an fir dass d’Leit och an Zäite vu Social Distancing vun engem kulturell ofwiesslungsräiche Programm profitéiere kënnen, huet de Nationalmusée fir Geschicht a Konscht d’Initiativ MNHA@Homemailto:MNHA@Home gestart. Iwwer seng sozial Netzwierker bitt de Musée net just 3D-Visitten, ma eng ganz Hellewull un Aktivitéiten fir Grouss a Kleng.
Facebook:
Am Plaz vun der traditioneller Renc’Art-Féierung, bei där een all Mount ee bestëmmte Konschtwierk am MNHA entdecke kann, kritt een den Ament all Dënschdeg an Donneschdeg um 19 Auer ee “Coup de cœur” gebueden. Op Facebook verëffentlechen d’Guide vum Musée kuerz Videoen, an deenen si, vu sech doheem aus, jeeweils e Wierk oder en Objet aus deene véier Kollektioune vum MNHA (Archeologie, Beaux-Arts, Mënzen a Medailen, Konschthandwierk a Vollekskonscht).
Freides gëtt gequizzt! Da kann ee bei engem Rätselspill matmaachen, bei dem Froen zu Ausstellungen, Tableauen oder Objeten aus de Kollektioune gestallt ginn. Déi richteg Äntwerten kann een unhand vu Fotoen oder an de virtuellen Ausstellunge fannen.
De Weekend-Programm riicht sech speziell un déi Kleng. A verschiddene Rubricken, wéi CREA’ART, SKETCH ME IF YOU CAN (zeechnen, molen, bastelen) an DETEKTIVEN AM MUSÉE (Quiz a Rätselen), gi si dozou encouragéiert, fir hirer Kreativitéit fräie Laf ze loossen an hir Kreatiounen, a Form vun enger Foto, mam Musée ze deelen.
#Facts: Op Twitter presentéiert de Musée all Mëttwoch “funfacts”, also amusant Fakten zu senge Kollektiounen an Ausstellungen.
Instagram:
Doheem Konschtwierker nozestellen ass wärend der Coronakris zu engem reegelrechten Instagram-Hype ginn.
Ennert dem Motto “STAY HOME & RECREATE ART” rifft den MNHA, zesumme mat anere Stater Muséeën, dozou op, fir op originell a witzeg Manéier Tableauen oder Skulpturen aus de permanente Kollektioune vun de Muséeën ze rekreéieren. A Form vun enger Foto soll ee seng Eegekreatioun da mam Tag @museumsmile op sengem Instagram-Site deelen.
Der Kreativitéit sinn heibäi keng Grenze gesat!