Renomméierte Präis„Moulin Rouge!" wënnt Tony Award fir beschte Musical

RTL Lëtzebuerg
Als beschte männleche Musical-Duersteller gouf den Aaron Tveit ausgezeechent, bescht Duerstellerin gouf dës Kéier d'Adrienne Warren.
© Theo Wargo / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP

E Sonndeg den Owend goufen zu New York Kënschtler a Wierker aus der Theater- a Musical-Welt ausgezeechent. D’Büneversioun vum Museksfilm “Moulin Rouge!” huet an der Kategorie “beschte Musical” ofgeraumt. Dëse Broadway-Musical war donieft de grousse Gewënner vum Owend. Net manner wéi 10 Tony Awards huet “Moulin Rouge!” sech geséchert.

Bescht Theaterstéck gouf „The Inheritance”. Dat radikaalt Stéck „Slave Play” huet mat 12 Nominéierungen en neie Rekord op d’Bee gestallt, ma ass awer eidel ausgaangen. Beschte “Revival” vun engem Theaterstéck gouf “A Soldiers’ Play”.

An der Kategorie “beschte männleche Musical-Duersteller” war et den Aaron Tveit (Moulin Rouge!), deen am meeschten iwwerzeege konnt. D’Adrienne Warren gouf fir hir Verkierperung vum Tina Turner geéiert. Den Theaterpräis fir de beschte männlechen Duersteller goung un den Andrew Burnap (“The Inheritance”), bescht weiblech Theater-Duerstellerin gouf d’Mary-Louise Parker (“The Sound Inside”).

Déi komplett Lëscht mat de Gewënner fannt Dir hei.

U sech sollten d’Tony Awards schonn 2020 iwwerreecht ginn, ma wéinst der Pandemie gouf d’Zeremonie verréckelt. D’Gala stoung ënnert Motto “Broadway is Back”.

Back to Top
CIM LOGO