Um Event op der leschter Nuit de la Culture war et roueg, just douce Vibratiounen huet een emol matkritt. Dat louch dorunner, dass d’Musek net gelauschtert gouf, mee gespiert. An zwar iwwer Gileten, déi am viraus verdeelt goufen. Déi konnt jidderee wéi ee Rucksak undoen a krut dann iwwert Vibratiounen de Concert mat.
De But vun deem Projet ass et, fir jidderengem déi selwecht Experienz ze verschafen. Och Mënschen, déi eng Héierschiedegung hunn, kënnen esou de Concert erliewen. Dat ganzt gouf schonn op verschiddene Plazen ausgetest. Am Kader vum Kulturjoer sollen elo méi där Projete sinn. Den Optakt huet de Concert vum DJ Napoleon Gold gemaach. Hien huet seng Musek extra e bëssen ëmgeschriwwen. Ob een elo vill, wéineg oder alles héieren huet, deen Owend war et fir jiddereen d’selwecht.
kulturell Eventer fir héiergeschiedegt Mënsche fannt Dir och hei.