Streaming killed the Television StarKeng Museksvideoe méi op MTV

RTL Lëtzebuerg
No bal 40 Joer ass Schluss. International gi bal all d'Chaînë vun MTV zougemaach. Streams a Socials hunn de Musekssender iwwerholl.
© ARTUR WIDAK / NURPHOTO / NURPHOTO VIA AFP

Als éischte Chaîne, op där 24/7 Museksvideoen iwwerdroe goufen, hat MTV 1981 Geschicht geschriwwen. Den éischte Museksvideo, dee jee um Sender iwwerdroe gouf, war “Video Killed the Radio Star” vun de Buggles. Ma och fir MTV ass d’Zäit zanterhier net stoe bliwwen.

D’Mammenhaus Paramount Skydance wäert nom 31. Dezember 2025 e Groussdeel vun den internationale linearen MTV-Senderen zoumaachen an ofschalten. An Däitschland sinn d’Chaînen MTV 80s, MTV 90s, MTV 00s, MTV Hits, Club MTV an MTV Live betraff.

Just den Haaptsender bleift an Däitschland erhalen, genee wéi och a Groussbritannien, wou der BBC no d’Senderen MTV Music, MTV 80s, MTV 90s, Club MTV an MTV Live am neie Joer net méi iwwerdroe wäerte ginn.

De Fortschrëtt verpasst?

Grond fir de radikale Schrëtt ass eng gréisser Restrukturéierung am Mammenhaus Paramount Skydance. De Mediekonzern huet mat héije Käschten ze kämpfen, ma gläichzäiteg geet d’Nofro u Reklammen am lineare Fernsee erof. Am Oktober ass ugekënnegt ginn, dass eng 1.000 Aarbechtsplaze sollen ofgebaut ginn. Och aner Chaînë géingen um Préifstand stoen. Mam Sende-Stopp kéinten eng 500 Milliounen Dollar agespuert ginn.

De Sender hat sech ugangs den 2000er Joren ëmmer méi op Reality-Formater konzentréiert a war vun de klassesche Museksvideoen, mat deene se an den 80er populär gi waren, ewechgaangen. Duerch Streaming-Servicer, ma och YouTube an déi Sozial Medien, huet MTV iwwer d’Joren zousätzlech ëmmer weider u Relevanz verluer. Den Ëmgang mat Musek a Biller ass haut een aneren, deen eng linear Tëleeschaîne esou net bidde kann.

Back to Top
CIM LOGO