
D’Iddie, datt eng Nationalgalerie mat exklusiv Wierker vun Lëtzebuerger Kënschtler an Artisten sollt an d’fréiert Gebai vun der Nationalbibliothéik nieft der Kathedral kommen, gëtt amendéiert.
D’Propos, d’Galerie an der Uewerstad ze lokaliséieren, war ënnert anerem vum Staatsminister Bettel avancéiert ginn.
Der Kulturministesch Sam Tanson no kritt de Projet lo eng nei Nues an och eng nei “Location": sou soll dës Galerie zu Diddeleng am Quartier Neischmelz amenagéiert ginn a sech net nëmmen op eng Galerie limitéieren.
Aus der Galerie soll nämlech en nationalen Zenter ginn, wou all ëffentlech Sammlunge vu staatlechen Organismen regroupéiert an och restauréiert ginn. Nieft dësen Atelieren a Stocke soll et dann och um Site vun der fréierer Schmelz zu Diddeleng en groussen Expo-Sall ginn, deen Een als Nationalgalerie kann ugesinn.
Dës Explikatiounen liwwert d’gréng Ministesch Tanson dem DP-Deputéierten André Bauler an enger Äntwert op eng entspriechend parlamentaresch Fro.
Wéini de Chantier vum neien nationale Konscht-Zenter zu Diddeleng ufänkt, gëtt net preziséiert. Amenagéiert ginn déi fréier Halen vum Stol- an dem Walzwierk. E passenden Site fir esou en Zenter am Éislek konnt net fonnt ginn, seet d’Kulturministesch.
De nationalen Projet gëtt der Diddelenger Gemeng och sou ze soen als Kompensatioun fir en aneren “kreativen Kinos- a Film-Projet” proposéiert, deen huet missten fale gelooss ginn.