Album-CheckNea Lone: "Double Trouble"

RTL Lëtzebuerg
Ausgangs Januar koum dem Nadja Prange säin éischte Solo-Album "Double Trouble" eraus.

En neit Gesiicht ass d’Singer-Songwriterin awer net. Ufanks war d’Nadja haaptsächlech am Jazz ënnerwee, huet bis viru Kuerzem als “intermittent du spectacle” geschafft an Erfarungen als Deel vun diverse Bands wéi Leen, Fred Baretto Group a Porn Queen gesammelt. D’lescht Joer huet et sech an eng nei Aventure geheit a säi Solo-Projet “Nea Lone” lancéiert.

No 5 Singlen - ënner anerem “Hey Boy”, “Gonna Give It” a “What Does It Take” - huet et sech ausgangs Januar mat sengem éischten Album zeréckgemellt, deen den Titel “Double Trouble” dréit. Ënnert den néng Lidder si souwuel déi vireg genannte Streaming- a Radio-Favoritten, awer och e puer nei Ouereschlëffer, wéi “Something” oder och “Double Trouble”, deen dem Album och säin Titel inspiréiert huet.

Den Titel kéint een awer och als eng Uspillung op d’Opdeelung vun de Lidder ugesinn, déi op der Vinyl nach méi ënnerstrach gëtt. Wärend d’A-Säit (an déi éischt Lidder vum Album) éischter positiv Aspekter opgräifen, gëtt et op der Récksäit dann och mol gäre méi sozial-kritesch, respektiv düster.

Alles an allem e knackegen Album, deen och als Live-Set villverspriechend ass. A wie mir net op d’Wuert wëll gleewen, ka jo den 9. Mäerz sech am “Gudde Wëllen” selwer dovunner iwwerzeegen. Méi Informatiounen an Tickete ginn et hei.

D’Nea Lone war och viru Kuerzem op Besuch an der Emissioun “Am Takt” an huet an deem Kontext zwee Lidder live am Studio zum Beschte ginn.

Back to Top
CIM LOGO