Zenter fir d'Lëtzebuerger SproochNei Bicher iwwer d'Lëtzebuerger Sprooch sinn erauskomm

RTL Lëtzebuerg
Knapp zwee Joer gëtt et elo den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. Zu senge Missiounen zielt, d'Reegele vun eiser Sprooch festzehalen.
Nei Bicher iwwer d'Lëtzebuerger Sproch sinn erauskomm
Knapp zwee Joer gëtt et elo den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch. Zu senge Missiounen zielt, d’Reegele vun eiser Sprooch festzehalen.

Ënnert anerem, wat Schreifweis a Grammatik ugeet. An deem Kontext ginn dann och reegelméisseg Bicher publizéiert. Rezent sinn elo nei Publikatiounen op de Marché komm.

Dem Josy Braun säi Buch “Eis Sproch richteg schreiwen” ass e Klassiker, wann et drëms geet, Lëtzebuergesch ze léieren. Zejoert gouf déi Originalversioun komplett iwwerschafft an elo 2020 ass d’Buch op Franséisch an op Englesch erauskomm.

Fuschnei ass och d’Publikatioun “D’Lëtzebuerger Verben”. Am Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch huet een intensiv dru geschafft, fir datt d’Publikatioun um neiste Stand ass.

“Aläert, jauwen, Zockerboun” ass e weidert klengt Buch, wat elo ganz rezent an d’Librairië komm ass. Hei fënnt ee Lëtzebuerger Wierder, déi de Leit vläicht net méi esou geleefeg sinn. Ma genee dowéinst kënnt d’Publikatioun ganz gutt bei de Clienten un.

Engersäits war een am Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch iwwerrascht iwwert d’Demande, anersäits versteet een awer och de Succès.

Déi nächst Projete vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch si schonn an de Startlächer. Et ass een am Gaang, um zweete Band vum Lëtzebuerger Wuertschatz ze schaffen an och de Lëtzebuerger Online Dictionnaire LOD soll an noer Zukunft op Pabeier erauskommen.

Back to Top
CIM LOGO