
Deemno ass nei, datt maximal 10 Kanner däerfen am Solfège-Cours sinn.
Bis viru Kuerzem souzen d’Kanner am Museksunterrecht och nach zu 2 mat Mask an der Bänk, mä och dat ass lo verbueden.
D’Stouss-Lëfte vun de Klassesäll all hallef Stonn bleift “de mise”.
D’Kollektiv-Coursen am Danz, Sangen, Chouer an Orchester sinn iwwerdeem och annuléiert.
An den individuelle Museks-Coursë soll och de Schüler, wa méiglech de Mask droen. Fir de Museks-Enseignant gëllt eng Masken-Obligatioun. Och d'2-Meter-Distanz-Reegel muss an dësen Eenzel-Coursë respektéiert ginn.
D’komplett Covid-Mesuren, déi fir de Museksunterrecht gëllen, kënnt Dir hei noliesen.