
Op enger grénger Fassade gesäit een eng eeler Damm mat Kappduch, déi därmoossen hefteg néitst, dass hiert Gebëss erausflitt. En Donneschdeg gouf dat neit Wierk “Aacchoo”, wéi een et gewinnt ass vum onbekannte Kënschtler, op Instagram verëffentlecht.
D’Plaz ass net zoufälleg gewielt: D’Haus läit am Ufank vun der Vale Street, déi géiste Strooss an England. Et gesäit esou aus, wéi wann d’Néitse vun der Fra eng Poubelle ëmgehäit huet an d’Nopeschhaiser zum Kippe bruecht hätt.
D’Identitéit vum Kënschtler bleift weiderhin e Rätsel. Gewosst ass just, dass de Banksy vu Bristol ass. En Numm huet hie sech gemaach, well seng gesellschaftskritesch a kontrovers Motiver, ëmmer ganz iwwerraschend enzwousch opdauchen.
Haus net méi an der Vente
D’Haus, dat de Streetart-Kënschtler fir säin neiste Wierk benotzt huet, ass iwwer Nuecht zum Konschtwierk ginn. D’Gebai stoung an der Vente, ma dat huet d’Proprietärin nees séier réckgängeg gemaach. Eng Woch, ier de Kontrakt sollt ënnerschriwwe ginn, huet si dat Ganzt annuléiert.
Duerch de Banksy op hirer Fassade klëmmt nämlech och de Wäert vun der Immobilie. Am Schnëtt kascht en Haus an der Vale Street 300.000 Pond, ëmgerechent 327.000 Euro. Ma fir e Wierk vum Banksy goufen och scho Millioune bezuelt.
D’Wierk ass an Tëscht och mat Plexiglas geschützt. Donieft wëll d’Famill eng Sécherheetsfirma froen, wéi een d’Bild an d’Haus am beschte schütze kann. Zanter vum Bild gewosst ass, kommen nämlech ëmmer méi Visiteuren, e puer Leit wiere souguer nuets iwwert d’Haus geklotert, fir e bessere Bléck ze hunn.