
D’Mënschen zu Nottingham hunn et de Moment net grad einfach, déi zu de Corona-Hotspots an England zielt. D’Moossname si verschäerft Mesuren. E klenge Liichtbléck soll dat neit Bild vum Banksy op der Mauer vun engem Beauty-Salon vermëttelen.
Dat neit Wierk weist e klengt Meedchen, dat mat engem Hula-Hoop-Reef spillt.
Op Instagram huet sech de berüümte Street-Art-Kënschtler bekannt. Ouni Kommentar, awer de Message ass kloer: Oflenkung an Hoffnung.
D’Plaz schéngt och keen Zoufall ze sinn, d’Haus läit an der Géigend vun der Uni vun Nottingham, wou et nach viru Kuerzem e gréissere Corona-Ausbroch gouf. “Dëst wonnerschéint Stéck wäErt d’Häerzer vun den Awunner vun Nottingham erhiewen. Merci, Banksy”, huet e Mataarbechter vun der Uni op Twitter reagéiert. Och aner Bierger hu sech begeeschtert gewisen: “Déi lescht Woche waren haart. Ze wëssen, dass mir en echten Banksy an eiser Strooss hunn, ass genee déi Opmonterung, déi d’Mënschen zu Nottingham brauchen”.
