Dat war dee leschte Weekend de Fall zu Iechternach am Trifolion. Mat hirer Musek hu si fir Begeeschterung gesuergt, zemools och mat der schummereger Bistro-Atmosphär, déi den Trifolion am klenge Sall kreéiert hat. Hire Message an de Lidder kënnt gutt eriwwer: héiflech, rockeg och en Touch romantesch, awer iwwerzeegend.
De Régis Thill huet déi zwee Museker mat hirer Band erlieft, deenen dat Ganzt sichtlech Spaass mécht.