
D'Tour mat Optrëtter a Groussbritannien, Irland, Europa an den USA fänkt den 21. Mee zu Glasgow un a féiert ënner anerem op München, Barcelona, Amsterdam, Paräis, Roum a Boston. Am Ganze plangt d'Britpop-Band 38 Concerten.
Den Héichpunkt si véier Concerten zu Knebworth am September. Domat kënnt Oasis 30 Joer no de legendären Optrëtter vun 1996 op déi historesch Plaz zeréck. Deemools hat d'Band viru ronn 250.000 Fans gespillt.
D'Reunion-Tour 2025 hat Oasis 16 Joer no hirer Trennung zesummebruecht. D'Tickete vun den do annoncéierten 41 Concerte waren direkt ausverkaaft. Fir d'Concerten 2027 kaschten d'Tickete a Groussbritannien tëscht 71,50 an 266,60 Pond, ëmgerechent 84 an 311 Euro.
D'Fans musse sech fir de Virverkaf bis de 17. September 17 Auer registréieren.