Kultur trotz Corona Och Galerie maachen hir Dieren nees op

RTL Lëtzebuerg
Zanter e Méindeg dierfen och d'Galerien hei am Land nees Leit empfänken.
© Valerius Gallery

13/05/2020 Och d’Galerie ginn nees op

No ronn aacht Woche Shutdown kritt lo och de Kulturberäich e Stéck Normalitéit zeréck.
Vill Ausstellungen hate missen zougemaach a vill Vernissagen ofgesot ginn. Ma zanter dem 11. Mee kann een a Letzebuerger Galerien nees Konscht an alle hire Formen vu ganz no erliewen a genéissen – dat natierlech ënner strengen Ofstands- an Hygiènesreegelen.

Vun haut un stinn d’Diere vun der Valerius Gallery an der Stad nees fir Konschtinteresséierter op.

Nach bis den 30. Mee kann ee sech hei d’Ausstellung “Over the moon” vum Lëtzebuerger Sculpteur Sergio Sardelli ukucken. De Vernissage vun dëser Expo gouf Corona-bedéngt am virtuelle Raum gefeiert an zwar via Instagram Live-Stream.

Natierlech kann näischt d’Erliefnis ersetzen, Konscht perséinlech ze erliewen, zemools wann et ëm dräidimensional Wierker wéi Skulpture geet. Ma virtuell „Viewing Rooms“ hunn et Galeristen wéi och Kënschtler op der ganzer Welt an deene leschten zwee Méint erméiglecht fir eng gewësse Visibilitéit ze behalen.

De Galerist Gérard Valerius huet de Shutdown carrément genotzt fir d’Online-Presenz vu senger Galerie weider auszebauen. Sou gouf um Facebooksite vun der Valerius Gallery eng digital Féierung duerch déi aktuell Ausstellung ugebueden.

D’Reouverture vun der Galerie, wéi och zukünfteg Vernissagen wäerten am Modus vum “Soft Opening” oflafen, also lues a lues an ouni vill Trallala.

Extrait Reouverture Galerien
Valerius Gallery

Genau wéi an de Muséeë wäert also och an de Galerien d’Zuel vun de Visiteure an enger éischter Etapp limitéiert sinn an och d’Sécherheetsmesurë mussen op der Plaz streng agehale ginn.

Dem Gérard Valerius no wäert den Alldag net vill aneschters ausgesinn wéi virun der Pandemie. Et géinge souwisou keng Mënschemassen a Galerien stiermen. D’Visitte ginn also just méi individuell a méi intensiv.

D’Ouverture vun de Galerien an de Muséeën ass och en Thema an der Emissioun No Art on Air e Samschdeg um 19 Auer.

Back to Top
CIM LOGO