
Elo ass d’Lidd aus den Archive vu Queen endlech live ze lauschtere gewiescht. De Gittarist Brian May hat d’Lidd ausgegruewen a sech gefrot, wat d’Fans eigentlech dovun hale géingen. Et koum quasi als klenge Chrëschtkaddo un d’Dagesliicht.
E Méindeg de Moien um Schluss vun enger vun him moderéierter Chrëschtdagsemissioun um Radiosender Planet Rock huet hien d’Lidd “Not for Sale (Polar Bear)” iwwer Antenn lafe gelooss. E Lidd vu Queen, dat soss nach ni iergendeen virdrun héieren hat. Vun der Stëmmung hier huet et natierlech perfekt zu de Feierdeeg gepasst, d’Lidd erzielt nämlech vu Kanner, déi en Äisbier an engem Spillsaachebuttek bewonneren.
D’Lidd war ursprénglech fir den Album Queen II vun 1974 opgeholl ginn, hat et awer ni op déi definitiv Versioun gepackt. “Et ass e Lidd mat enger laanger Geschicht, awer menges Wëssens huet nach keen dës Versioun jeemools gelauschtert”, sou nach den 78 Joer ale May.