All d'Gewënner am IwwerbléckOppenheimer ass Beschte Film bei den Oscars 2024

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht vun e Sonndeg op e Méindeg goufen zu Hollywood nees gëlle Statuen verdeelt. Oppenheimer huet bei dëser 96. Editioun vun den Oscare mat 7 Präisser däitlech ofgeraumt.
All d'Oscar-Gewënner am Iwwerbléck
An der Nuecht vun e Sonndeg op e Méindeg goufen zu Hollywood nees gëlle Statuen verdeelt.

Ma et gouf och eng ganz Rei Iwwerraschungen an dat souwuel op, wéi och virun der Leinwand.

Dat waren d’Oscars 2024 / Reportage vum Pit Biwer

Oppenheimer raumt of

Siwe Mol gouf dem Christopher Nolan säi Film Oppenheimer iwwert den Erfinder vun der Atombomm ausgezeechent a confirméiert soumat seng Victoire am Barbenheimer-Duell. Dorënner déi bedeitend Auszeechnungen als Beschte Film a Bescht Regie. De Cillian Murphy, deen d’Haaptroll spillt, krut säin éischten Oscar als Beschte Schauspiller a säi Kompliz, de Robert Downey Jr., gouf an der Kategorie Beschten Nieweroll ausgezeechent. Ma well e Film virun allem aus Biller an Toun besteet, goufen och d’Musek vum Ludwig Göransson an d’Cinématography vum Hoyte Van Hoytema mat engem Oscar ausgezeechent.

© afp

(Not so) Poor Things

Och wann dem Greta Gerwig hire Film Barbie d’lescht Joer als gréissten a quasi eenzege Konkurrent vum Oppenheimer gegëllt huet, huet sech am Kader vun der Zeremonie schlussendlech dem griichesche Realisateur Giorgos Lanthimos säi Wierk Poor Things als eenzeg richtege Sparingpartner erwisen. Datt de Film en Oscar fir Beschte Make-Up & Hairstyle wéi och Production Design a Costume Design gewonnen huet, dierft keen iwwerraschen. Déi skurril a verzaubert Welt, an déi een de Film versetzt, war d’Resultat vun der excellenter Aarbecht vun den Equippen aus dësen Departementer. Sou sinn dës Auszeechnungen duerchaus verdéngt a logesch. Eng Victoire, där vläicht e bëssen d’Show vun der Wrestling-Legend John Cena geklaut gouf. An engem Sketch mam Jimmy Kimmel, hat hie sech ganz plakeg op der Bün gewisen, fir op d’Relevanz vun de Kostümer an hirem Beruff hinzeweisen...

Net esou einfach virauszegesinn, war dem Emma Stone hir Auszeechnung als Beschte Schauspillerin. Net, well si dës net verdéngt hätt, ma well hir an där Kategorie déi excellent Lilli Gladestone (Killers of the Flower Moon) Sandra Hüller (Anatomy of a Fall) oder nach Carey Mulligan (Maestro) géigeniwwer stoungen.

© afp

Yes he Ken!

Et gouf vill doriwwer spekuléiert an dunn offiziell confirméiert. De Ryan Gosling huet tatsächlech d’Lidd aus dem Film Barbie “I’m just Ken” live performt an domadder warscheinlech den Highlight vum Owend geliwwert. Seng Performance war net nëmme witzeg an ënnerhalsam, se war perfekt exekutéiert a voller Iwwerraschungen, souwéi den Optrëtt vum Gittarist Slash vu Guns and Roses, deen e mat engem Solo begleet huet. De Ryan Gosling huet och net vergiess, d’Margot Robie an d’Greta Gerwig a seng Performance mat anzebannen. Béid goufe jo net nominéiert.

Ma den Oscar fir dat Beschte Lidd krut schlussendlech d’Billi Eilish an hire Brudder Finneas O’Connell fir d’Lidd “What was I made for?”, och aus dem Film Barbie. E Lidd, dat no der Sortie vum Film bis haut nach op sëllege soziale Medie viral ënnerwee ass.

Auslännesche Kino gutt vertrueden

Ma nieft de groussen amerikanesche Produktiounen hu sech an alle Kategorien och sëllegen auslännesch Filmer positionéiere kënnen. Ugefaangen domadder, datt fir déi éischte Kéier zwee net-engleschsproocheg Filmer - Anatomy of a Fall a The Zone of Interest - an der Kategorie vum Beschte Film vertruede waren. Der franséischer trivialiséierter Justine Triet hire Film Anatomy of a Fall, deen 2023 sëllege Präisser gewonnen huet, dorënner d’Palme d’Or oder de Golden Globe fir de beschte friemsproochleche Film, huet och bei den Oscaren iwwerzeegt a gouf deemno an der Kategorie fir dat Beschten Dréibuch ausgezeechent. Ma dat ass net deen eenzege Moment, firwat de Film op sech opmierksam gemaach huet. Sou war och de Messi, den Hond aus dem Film, op der Soirée ze gesinn, wéi en amuséiert nogekuckt a souguer an d’Patte geklappt huet.

The Zone of Interest huet dogéint den Oscar fir de Beschten Internationale Film fir sech behaapte kënnen, wéi och de Präis fir de Beschten Toun.

An der Kategorie Beschte Laangen Dokumentarfilm huet 20 Days in Mariupol vum ukraineschem Dokumentarist Mstyslaw Tschernow gewonnen. D’Occasioun fir hien, op d’Situatioun an Ukrain opmierksam ze maachen. Deemno huet hie säi Präis mat follgende Wierder entgéintgeholl: “Ech soen eppes, datt warscheinlech kee Filmschaffenden an dëser Situatioun soe géing. Mee mir wier léiwer, ech hätt net gewonnen, well ech dëse Film net hätt kéinte maachen. Mir wier léiwer, Russland hätt d’Ukrain ni iwwerfall, ewéi datt ech hei stoen dierf.”

Eng politiséiert Zeremonie

Ewéi esou dacks gouf d’Visibilitéit vun den Oscaren och genotzt, fir op verschidden aktuell geo- a sozio-politesch Themen opmierksam ze maachen. Sou huet de Regisseur vun The Zone of Interest, de Jonathan Glazer, op d’Attacke vun Israel géint d’Bevëlkerung a Gaza opmierksam gemaach, ewéi och op den Ugrëff vun der Hamas op Israel. Verschidde Persounen, dorënner och d’Billi Eilish, hunn och e roude Pins gedroen, deen als Zeeche fir en direkte Waffestëllstand an der Regioun steet. D’Kolleege vu Prosieben, déi d’Zeremonie iwwerdroen hunn, haten och betount, datt am Kader vun den Oscaren, d’Police zu Los Angeles verschäerft Stroosse gespaart huet e vue vu potenzielle Manifestatioune géingt d’Attacke vun Israel.

Och huet et sech d’Produktioun vum Owend net huele gelooss, am In Memoriam Segement, dem Alexei Nawalny ze gedenken. E weidert kloert Zeeche géingt d’Verhale vum Kreml. Ma och den Donald Trump gouf net verschount, sou huet de Moderator Jimmy Kimmel eng Undeitung un de fréieren amerikanesche President gemaach, andeems hie seng Léift fir aggressiv Messagen op der Plattform X op d’Schëpp geholl.

Last but not least

Weider Gewënner:inne waren d’Da’Vine Joy Randolph, dat fir hir Roll an The Heldovers den Oscar fir déi Beschte Weiblech Nieweroll gewonnen huet. Am Animatiounsberäich goufe War is Over (best animated short) an The Boy and the Heron (best animated feature) ausgezeechent.

An der Kategorie Bescht Adaptatioun fir de Kino huet American Fiction gewonnen an dat, obwuel de Film, deen een éischter als Film d’auteur kéint bezeechnen, a Konkurrenz mat Barbie, Oppenheimer a Poor Things stoung. En iwwerraschend an erfreelecht Resultat.

Gozilla Minus One huet d’Kategorie fir déi Bescht visuell Effekter fir sech entscheet, wärend The Last Repair Shop den Oscar fir de Beschte Kuerzen Documentaire iwwerreecht krut. Iwwerraschend war dann och, datt de Wes Anderson säin éischten Oscar dëst Joer sollt gewannen, an zwar fir säi Kuerzfilm The Wonderful Story of Henry Sugar. Leider war de Regisseur net do, fir säi Präis entgéingt ze huelen.

Back to Top
CIM LOGO